3
GRUPP WELL SAI
Editorial
Moie léiwe Member, Als Alleréischt wënschen ech dir an denger Famill e gutt neit Joer 2020! An dëser Editioun fënns du den Trimesterprogramm vum 2. Trimester. Ech hoffen och, dass du dech gutt konnts erhuelen no dem flotte Camp zu Miersch, mir hunn och nach eng Box an e Puer Schong fonnt (des kanns de bei eis an den “objets trouvés” ofhuele wanns de se vermëss). Déng Eltere wollt ech nach emol op eist flott Well Sau Iessen invitéieren, de 25. Januar bei eis am Chalet. Vill Spaass beim Liese vun dëser Newsletter a lénks Patt, Pit